Jet-Ski fueren op der Musel geschwë verbueden?
RTL - 04.07.2012, 08:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2012, 06:59 | 50 Commentaire(n)
Et ass eng populär Fräizäitaktivitéit, mä den „Jet-Ski“ op der Mousel soll verbuede ginn, wéint dem Kaméidi an de Riske fir Leit a Schëffer.

Dat huet den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler en Dënschdeg an der Chamber preziséiert als Äntwert op eng Fro vum Gréngen Henri Cox. De Minister wëll et verbidden – de Problem ass awer, dass Lëtzebuerg net alleng kann decidéieren.
Déi däitsch Autoritéite sinn do och mat kompetent. D’Lëtzebuerger Regierung wëll deemno elo weider mat Däitschland verhandelen, d’nächst Woch ass eng Sëtzung.Jet-Ski-Verbuet op der Musel? (04.07.2012)Se maachen anscheinend mat hire Gefierer ze vill Kaméidi a si geféierlech fir d'Déieren. Mä wat ass wierklech drun un de Virwërf géint d'Jet-Ski-Fuerer? |


Äre Commentaire