Dramatescht Enn vun der Geiselnahm zu Karlsruhe: 5 Doudeger

RTL - 04.07.2012, 10:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 05.07.2012, 06:57

Dramatescht Enn vun der Geiselnahm zu Karlsruhe um Mëttwoch. Den Täter huet sech selwer a seng 4 Geiselen ëmbruecht.

© AFP
D'Police soll d'Wunneng gestiermt hunn nodeems se en Dampgeroch gericht hunn an hunn dunn d'Läichen entdeckt. De Mann soll wéi et schéngt 4 Geiselen a sech selwer ëmbruecht hunn. Konfirméiert gouf et awer nach net.

Zu de Geisele weess ee just souvill dat den Dierwiechter dorënner soll si grad ewéi de neie Locataire vun der Wunneng, d'Proprietärin vun der Wunneng an e Mann vum Schlësseldéngscht.

© AFP


D'Gebai sollt um fréie Mueren ausgeraumt ginn. Géint 9 koum et dunn zu enger Schéisserei.

D'Identitéit vum Täter konnt bis ewell ermëttelt ginn, sollt awer net Public gemeet ginn. De Mann, respektiv seng Frëndin, sollt aus senger Wunneng expulséiert ginn.

Op der Plaz ware ronn 200 Polizisten am Asaz, dorënner och 40 Beamte vun der Spezialunitéit SEK a MEK. De Quartier war och groussraimeg ofgespaart ginn.

© AFP

© AFP

© AFP



Geiselnahm mat 5 Doudegen (04.07.2012)
E Mann deem seng Wunneng sollt zwangsgeraumt ginn, huet Geisele geholl a si dunn erschoss.