Pensiounsreform: Mesurë gi fir de Staatsrot net wäit genuch
RTL - 04.07.2012, 11:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 12:27 | 32 Commentaire(n)
Jo, de Pensiounssystem muss reforméiert ginn, seet de Staatsrot, ma freet sech awer op déi proposéiert Changementer op Dauer duerginn.

Déi Héich Kierperschaft ass wuel ganz d'Accord mat der Regierung, datt den aktuelle System geännert muss ginn fir z'iwwerliewen, freet sech awer op d'Mesuren déi proposéiert ginn duer ginn, fir de System dauerhaft z'erhalen. Op alle Fall ka sech de Staatsrot net virstellen, datt Lëtzebuerg op Dauer méi generéis Pensioune wéi eis Nopeschlänner bezuele kann, ouni méi héich Cotisatioune wéi déi ze froen. Duerfir misst een dovunner ausgoen, datt an Zukunft méi grouss Changementer op de System duerkommen.
Déi Héich Kierperschaft gëtt an hirem Avis ze bedenken, datt den Text op ambitiéise Wuesstemsprevisioune fir déi nächst Joere baséiert, déi wéinst der aktueller Kris vläicht net méi ze realiséiere sinn. Als Rappel d'Pensiounsreform baséiert op 3% Croissance vum PIB pro Joer.
De Staatsrot hannerfreet och déi néideg demographesch Entwécklung hei am Land fir de Pensiounssystem laangfristeg erhalen ze kënnen. Hei misst ee sech froe wéi en Impakt déi vill Leit op d'sozial Strukturen an déi sozial Kohäsioun hei am Land hätten. De Staatsrot ass all Zäit iwwerzeegt, datt sou eng Entwécklung och guer net wënschenswäert ass. Déi Héich Kierperschaft hätt sech donieft gewënscht, datt och de Pensiounssystem vun der Fonction publique am Kader vun der Reform adaptéiert gi wier.
Am Avis gëtt et och eng formell Oppositioun an zwar um Niveau vum Réajustement.

Äre Commentaire