Akommes vu Lëtzebuerger an de leschte 25 Joer verdräifacht
RTL - 04.07.2012, 11:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 12:00 | 43 Commentaire(n)
Obwuel d’Aarmut zu Lëtzebuerg zougeholl huet an d’Ongläichheete méi grouss goufen, huet Lëtzebuerg ee vun den héchsten Akommesniveaue pro Stot an Europa.

Dat geet aus enger neier Etüd vum STATEC ervir.
Dozou bäigedroen huet dee staarke wirtschaftleche Wuesstem zanter der Mëtt vun den 80er Joren, a besonnesch an de Joren 1985 bis 1991 an 1997 bis 2000. D’Inegalitéiten tëscht de Stéit sinn iwwerdeems zum Deel duerch d’Sozialtransfere kompenséiert ginn.
An Zäit vu 25 Joer ass d’Akommes, dat d’Leit nom Ofzéie vun de Steieren an de Cotisations sociales nach Rescht hunn, vun 19.000 (am Joer 1985) op 61.000 € (am Joer 2009) geklommen. Eleng tëscht 1985 an 1991 hat sech d’Zomm, déi d’Stéit fir auszeginn oder ze spueren hunn, bal verduebelt. An där Zäit gouf et e Wirtschaftswuesstem vu ronn 7% d’Joer. Zanter 2005 allerdings gëtt d’Hausse vum Akommes duerch d’Inflatioun opgefriess.
Hëlt een elo e Stot a gëtt der Referenzpersoun e Quotient 1, deenen aneren Erwuessenen e Quotient 0,5 an de Kanner ënner 14 Joer e Quotient 0,3, kann een d’Akommes vu Stéit matenee vergläichen, déi verschidde grouss an anescht zesumme gesat sinn. Deemno ass d’Akommes vu jonke Stéit manner staark gewuess (vun 10.000 op 31.000 €) wéi dat vun eeleren (vun 10.000 op 36.000 €).
Virun 3 Joer koum 70% vum Akommes vu Lëtzebuerger Stéit duerch d’Aarbecht eran, 27% duerch Sozialtransferen an 3% duerch Kapital; déi Opdeelung ass zanter 1985 relativ stabel. Leit, deenen et finanziell net gutt geet, sinn dogéint méi op Sozialtransferen ugewisen (déi maache 44% vum Akommes aus), wougéint Leit, déi sech finanziell ganz gutt stinn, 7% Kapital hunn.
Vun 1985 bis 2009 hunn d’Ongläichheeten tëscht de Stéit ferm ugezunn: Loung d’Akommes vun deene 5%, déi am räichste sinn, 1985 6mol iwwert deem vun deene 5%, déi am äermste waren, ass déi Schéier 2009 op 11mol souvill opgaangen. Den Aarmutstaux ass dann och vun 13% am Joer 1985 op 14,5% am Joer 2009 eropgaangen; 1991 war dee Wäert op ënner 10% gefall! D’Aarmut trëfft v.a. Jonker ënner 18 Joer, déi zu 20% betraff sinn; Leit iwwer 65 Joer sinn dogéint mol net zu 6% concernéiert. Géifen d’Sozialtransferen net fléissen, léig den Aarmutstaux iwwregens bei net manner wéi 45%!

Äre Commentaire