Konkurrenz belieft d'Geschäft: E weideren Eco-Taxi-Ubidder

RTL - 10.07.2012, 09:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 17:14 | 42 Commentaire(n)

Voyage Emile Weber a Benelux Taxis lancéieren de Web-Taxi. Dësen neie Service gräift op Hybridautoen zréck a fonctionnéiert vun e Méinden u mat 15 Autoen.

© René Pfeiffer

Déi nei Webtaxien sinn Toyta prius Hybryd-Autoen, si sinn organge a wäiss. 15 Stéck fuere vum nächste Méinden un um Gebitt vun der Haaptstad. De Präis, fir d’Clienten, ass bis zu 30% méi bëlleg wéi déi normal Taxien. Dem webtaxi säi Kilometerpräis ass 2,5 Euro – 11% manner wéi déi konventionell Taxien.  De sougenannte Minuttepräis - wann den Taxi am Stau steet – fält beim webtaxi ganz ewech.

Als Beispill, en Trajet vun der Gare op de Kierchbierg, dee kascht mam webtaxi 17,6 Euro, géintiwwer 24,8 Euro mam normalen Taxi.  Extra Nuets- a Sonndestariffer bleiwen.

Eng nei, modern Reservatiouns- a Geolokalisatiounszentral soll fir de webtaxi ëmmer dee kierzte Wee garantéieren. A fir d’Clienten sinn d’Präisser transparent – beim webtaxi weess ee scho virun der Fahrt, wat et herno kascht, esou de Romain Kribs vu Voyages Emile Weber.

Romain Kribs: Dir kënnt iwwer app, iwwer web oder iwwer Telefon buchen. Där kënnt awer och virun Ärer Buchung Iech informéieren, wéi de Präis ass an da kënnt Dir selwer decidéieren, ob Dir dat mat oder net. Et ass net, dass Dir Iech lo hei an en Auto setzt wou Dir blann fuert. Ech denken, dass dat och ganz wichteg ass, dass dat virun der Commande gewosst ass, an dass de Client do kann decidéieren.

De webtaxi fiert um Gebitt vun der Haaptstad – a liicht driwwer eraus, zum Beispill bis op de Findel, wou d’webtaxien awer net an der Queue däerfe waarden. Et muss een extra ruffen. Bei méi wäiten Distanzen – vu Lëtzebuerg op Esch zum Beispill – falen déi méi niddreg Präiser ewech. Idem, wann een dee webtaxi an der Strooss unhält.

Romain Kribs: Da leeft d'Minuterie normal wéi bei engem normalen Taxi well deen Avantage vun der Zentral leider net ginn ass.

Mir si bereet eis un der Stad hir Eco-Taxien unzeschléissen, a mir invitéieren aner Taxis-Operateuren, sech eis unzeschléissen, huet et en Dënschdegmoie nach op der Pressekonferenz geheescht. Voyages Emile Weber ass an d’Kapital vu Benelux Taxis erageklommen – zu wéi engem Deel ass net gewosst. Mee d’Entreprise seet si wier scho méi laang un engem Taxis-Service intresséiert gewiescht. Si lancéiert sech also elo op de Lëtzebuerger Taxis’-Maart, deen „endlech“, géife vill Leit soen, am gaangen ass, sech fundamental ze änneren...

© Pierre Reyland


Taxispräisser: Neie Web-Taxi bis zu 30% méi bëlleg (10.07.2012)
Et deet sech eppes am Taxisekter:
Nom ACL presenteiert sech ee weideren neie privaten Taxiservice dee vun e Méinden un 15 Hybrid-Gefiirer am Asatz huet.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!