Staatsrot: Martine Deprez Member? Kritik vu Gréng an ADR!

RTL - 10.07.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.07.2012, 17:36 | 14 Commentaire(n)

Staatsrot: Nom Depart vum President, dem Georges Schroeder, sicht d’Chamber een neie Member. Gréng an ADR fuerderen op en Neits Reformen.

D’Regierung, de Grand-Duc an d’Parlament wiessele sech jo an der Nominatioun of.

Bis ugangs August kënnen déi intresséiert sech mellen an da gëtt eng Lëscht vun 3 Leit festgehalen.

RTL-Informatiounen no huet d’Martine Deprez vun der CSV gutt Chancen op dee Posten. D’Mathésprofessesch vun Diddeleng war bei de leschte Chamber-Wahlen op der Südlëscht vun de chrëschtlech-sozialen a koum op déi 5.-lescht Plaz.

Déi Gréng an ADR: Reformen noutwenneg

Kritik gouf et vun deene Gréngen a vun der ADR. Si fannen d’Nominatiounsprozedur fir de Staatsrot net demokratesch.

 De Gast Gibéryen vun der ADR »



"Wéini kënnt endlech eng demokratesch Reform vum Staatsrot?", froen déi Gréng an engem Communiqué. D'Nominatiouns-Prozedur misst endlech iwwerschafft ginn. Et kéint net sinn, datt d'Plazen am Staatsrot just fir d'Regierungsparteie wären.

CSV an LSAP hätten zwar d'Noutwendegkeet vun enger Reform unerkannt, mä giffen awer näischt derfir ënnerhuelen, mä wéilte just sou vill wéi méiglech Poste fir hir Leit.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!