Patientendossier: Kooperatioun vum Patient erfuerdert

RTL - 16.07.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.07.2012, 08:16 | 10 Commentaire(n)

Fir de Patientendossier auszefëllen, ass den Dokter op d'Kooperatioun vum Patient ugewisen, betount den Dokter Jil Koullen vum Cercle vun de Generalisten.

Et ass eng vun de wichtegsten Nouveautéiten am Kader vun der Gesondheetsreform. De Referenzdokter. Zanter dem 1. Juli ass e Realitéit. Jiddwer Patient kann sech an Zukunft op eegene Wonsch hin ee Vertrauensdokter eraussichen. Dat kann zum Beispill den Hausdokter sinn, deen dann ee Patientendossier opstellt a permanent aktualiséiert.

Wéi dësen Dossier opgestallt ass a wéi eng Informatioune vum Patient an dëser Fiche zeréck behale ginn, huet RTL beim Jil Koullen, dem President vum Cercle vun de Generalisten nogefrot.

D'Fiche vum „Resumé Patient“ ass an 3 grouss Kategorien opgedeelt. Ugefaang mat engem méi administrativen Deel. An engem zweete Kapitel sinn all déi relevant medezinesch Donnéeë vum Patient regroupéiert. Am leschten Deel stinn zousätzlech Informatiounen iwwer Impfungen an aner spezifesch Donnéeën iwwert de Patient, ob en zum Beispill Organspender ass oder awer eng Patienteverfügung ënnerschriwwen huet. Dee wichtegste Volet konzentréiert sech awer op déi medezinesch Donnéeën. Dat éischt sinn d'Allergien an d'Intoleranzen. Den zweeten Deel sinn déi inaktiv Saachen, wéi de Blinddarm oder eng Hüftprothese.

Et gëtt awer och festgehal, wéi eng Medikamenter de Patient aktuell anhëlt, fir aktiv Problemer ze behandelen. Fir de Patientendossier auszefëllen ass den Dokter op d'Kooperatioun vum Patient ugewisen, betount den Dokter Jil Koullen. Dat géif d'Responsabilitéit vum Dokter limitéieren, well de Patient scho misst richteg ausfëllen.

Et ass also am Interêt vum Patient, dem Vertrauensdokter sou vill wéi méiglech Informatioune mat op de Wee ze ginn. Soubal d'Gesondheetskeess driwwer informéiert gouf, dass ee Patientendossier existéiert, kritt déi betraffe Persoun ee Relevé vun der CNS vun de leschten 3 Joer. Et wier och gutt, wann de Patient dem Dokter dee Relevé géing matbréngen.

Fir de President vum Cercle vun de Generalisten ass et wichteg, dass fir jiddwer Patient een Dossier opgestallt gëtt. Nëmmen sou kann d'Qualitéit vun der Prise en charge vun all de Patiente weider verbessert ginn, sou nach de Jil Koullen.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!