Vakanzendeparten: Trafic op Transitautobunnen um Weekend

RTL - 20.07.2012, 10:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 06:55 | 7 Commentaire(n)

Um Freideg hunn d'Automobiliste scho kräfteg mussen op d'Zänn bäissen. Op eisen Autobunnen a Richtung Süden dierft dat um Weekend elo net anescht sinn.

Freideg, 20. Juli moies op der A6.© Paul Fischer
Op der Areler A6 huet et zum Beispill schonn um Freidegmuere ferm gestaut.

© Paul Fischer


Iwwregens huet och de Bison Futé fir de Weekend d'Autobunnen a Frankräich, a Richtung Süden, rout klasséiert.

Och op de Fluchhäfen ass mat zolittem Verkéier ze rechnen, deemno e gudde Batz Gedold mat an d'Wallis apaken!


Mam Auto an d'Vakanz (12.07.2012)
Mam Auto an d'Vakanz



Méi roueg gesäit et awer fir déijéineg aus, déi um Weekend schonn nees de Wee Heem huelen.

An e Sonnde soll et iwwregens a béide Richtungen nees méi normal rullen.





Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!