Miedernach: Feier an der Wantergaass - Leit mat Zäit eraus
RTL - 20.07.2012, 17:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.07.2012, 19:06
Um Freidegnomëtteg géint 16.45 Auer gouf et e gréissere Brand vun engem Familljenhaus mat Scheier. D'Famill konnt sech awer retten.

De Schued um Haus ass awer grouss, besonnesch den Daach huet schwéier gelidden. Iwwert d'Ursaach vum Feier ass iwwerdeems nach näischt gewosst.

Wéinst dem Groussbrand war d'Rue de Savelborn eng länger Zäit a béide Richtunge gespaart.

Sur place waren d'Ambulanz aus der Fiels, de Samu vun Ettelbréck, d'Pompjeeë vu Miedernach, Iermsdref, Dikrech an aus der Fiels an och nach d'Police.
D'Famill, zu där och nach een Erwuessenen an nach ee weidert Kand gehéieren, krut vun der Gemeng en Ersatzlogement gestallt.


