Batman-Massaker: Täter legal 6.000 Schoss Munitioun kaaft

RTL - 21.07.2012, 07:15 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 17:24 | 22 Commentaire(n)

Nom uergen Attentat an engem Kino am Colorado: Dee 24 Joer ale Mäerder hat déi lescht Méint via Internet legal eng 6.000 Schoss Munitioun kaaft.

Legal war och d'Kafe vun de 4 Waffen, déi sech den Attentäter bannent de leschten 2 Méint a Waffebutteker an der Emgéigend besuergt hätt.

Dat huet d'Police bekannt gemeet, nodeems e Mann jo bei de Première vum neie Batman-Film ëm sech geschoss an eng Dose Leit ëmbruecht hat.

No senger Dod während der Film-Première gouf de schëllegen James Holmes um Parking vum Kino verhaft.

A senger Wunneng goufe Sprengfale detektéiert, sou datt et der Police bis ewell nach net gelongen ass, an dat Appartement eran ze kommen.


Bei der Schéisserei goufen och eng 60 Leit blesséiert, eng Dosen sinn nach ëmmer an engem kriteschen Zoustand.

D'Trauer ass grouss

D'USA stinn ënner Schock an traueren ëm déi 12 Doudeger vum Kino-Massaker am Bundesstaat Colorado.

Vill Mënschen hunn um Samschdeg an der Géigend vum Kino an der Stad Aurora Blummen néier geluecht, hu sech an den Aarm geholl, an hunn den Affer geduecht, andeems se Käerzen ugefaangen hunn. Vill Leit hunn och gekrasch.


An den USA gouf duerch den neisten Amoklaf och nees Diskussiounen iwwert dat liberaalt Waffegesetz lancéiert, virun allem natierlech am Colorado.

Är Condoleancen


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!