Bartreng: Déidlechen Tëschefall op der Gare
RTL - 21.07.2012, 11:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 11:35
Um Samschdegmoien ëm 6.30 Auer ass op de Bartrenger Gare eng Persoun ënnert den Zuch komm - der Police no ouni friemt Verschëlden. Si huet net iwwerlieft.

Wéi d'Police matdeelt, kinnt den éischten Ermëttlungen no eng Friemawierkung ausgeschloss ginn.
Eréischt géint 8 Auer konnt d'Zuchlinn nees fir den Trafic opgemaach ginn. Och d'Barrière zu Bartreng huet musse fir eng Zäitchen zou bleiwen.
D'Zuchpassagéier si mat Busse weidergefouert ginn.
Sur place: Police vun der Cap, Pompjeeë vu Bartreng, Ambulanz vu Mamer, Samu aus der Stad a Leit vun den CFL.
