Tragedie op N15: Bus widdert Auto - Fra déidlech blesséiert
RTL - 27.07.2012, 20:22 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.07.2012, 13:28
Ganz schroen Accident um Freidegowend: Op Héicht vun der Fuussekaul krut e Bus en Auto ze paken - eng Fra dout (49) an eng liewensgeféierlech blesséiert.

Géint 19.30 Auer wollt een Auto iwwert d'N15 fueren, fir vun där enger Säit vum Camping op déi aner Säit ze kommen. Deen Ament koum awer op der Nationalstrooss vu Feelen erop e Bus gefuer, deen den Auto voll ze pake krut. Den Auto gouf iwwert d'Géigespuer widdert eng Mauer geschleidert.
Am Auto waren 3 Fraen: D'Fra um Steier gouf méi liicht blesséiert, hir Bäifuererin liewensgeféierlech a fir déi drëtt Fra am Won sollt all Hëllef ze spéit kommen. Bei där Onglécklecher handelt et sech ëm eng 49 Joer al Lëtzebuergerin.

Am Bus waren 8 Persounen dran, vun hinne gouf kee blesséiert.
Um Bord vun der Strooss stoungen den Ament vum Accident eng Fra mat engem Vëlo an engem klenge Kand drop. Den Auto ass duerch de Schock an hir Richtung geschleidert ginn a krut de Vëlo ze paken. En ass quasi iwwert dat viischt Rad geflunn. Fra a Kand sinn ëmgefall, schéngen awer net verwonnt a koume just fir eng Kontroll an d'Spidol. Si haten, op gutt Lëtzebuergesch ausgedréckt, mega Chance.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Ettelbréck a vun Heischent, d'Police vu Wolz an Dikrech an als Renfort och nach déi vun der Cap, d'Protex mat direkt e puer Ambulanzen aus der Ëmgéigend, de Samu an d'Air Rescue. D'national Verkéierspolice këmmert sech ëm d'Opzeechungen um Disque aus dem Bus. De Parquet huet och de Miess- an Erkennungsdénscht vun der Police judiciaire an d'Fuussekaul geschéckt.
D'N15 muss an deem Kontext op där Plaz nach eng Kéier um Samschdegnomëtteg tëscht 15 a 16 Auer gespäert ginn.
