Schlammestee: 2 schro Verwonnter no Crash vun 2 Autoen

RTL - 29.07.2012, 07:56 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.07.2012, 12:01

Ee schroen Accident war e Samschdeg um Schlammestee: Do hate sech um 22.45 Auer 2 Autoen ze pake kritt. 2 Leit goufe schwéier blesséiert.

Een Auto, deen an Direktioun Fréiseng ënnerwee war, krut d'Virfahrt vun engem zweete Gefier geholl. De Knuppert tëscht den zwee Ween war esou staark, datt si iwwer d'Kräizung ewech bis an de Virgäertche vun engem Café katapultéiert goufen.

De Chauffeur aus dem éischten Auto gouf liicht verwonnt, mä de Chauffeur an de Bäifuerer aus deem zweete waren ageklemmt ginn a goufe méi uerg blesséiert.


Am Asaz waren den Asaz-Zenter Beetebuerg, d'Pompjeeë vu Weiler an de Stater SAMU.