Horesca: Angscht virun Entloossungen wéinst Antifëmmgesetz
RTL - 03.08.2012, 06:14
D'Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren weist sech enttäuscht iwwert déi lescht Versioun vum Antifëmmgestetz.

En Donneschdeg koum och en offizielle Communiqué, wou d'Federatioun vun den Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren sech enttäuscht weist iwwert déi lescht Versioun vum Antifëmmgesetz, och wann et eng kleng Verbesserung wier am Verglach mam initialen Text.
D'Realitéit giff net gekuckt ginn an amplaz Problemer ze léisen, giffen neier geschafe ginn. D'Horesca fäert, datt Patrone kéinte Leit entloossen, fir datt d'Fëmmen awer erlaabt bleift. Kleng Caféen, déi wéinst hirer Gréisst kee Fumoire kënne maachen, misste vun enger Ausnameregelung profitéieren, fir datt weider kéint gedämpt ginn. An Éisträich zum Beispill giff dat gutt lafen.
D'Horesca wëll mat de politesch Responsabele schwätzen an hir konkret Proposen op den Dësch leeën.
