Arméischoul: 2014 net um Härebierg, mee zu Ettelbréck?

RTL - 03.08.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.08.2012, 15:32 | 12 Commentaire(n)

Arméischoul: D'Schoul fir déi Fräiwëlleg gëtt elo obligatoresch. Bis 2014 soll si vum Härebierg éischter an den Ettelbrécker Lycée technique kommen.

Bis ewell war et sou, dass déi Fräiwëlleg an der Arméi no op d'mannst 24 Méint Service fakultativ um Härebierg an d'Schoul konnte goen, fir hir schoulesch oder berufflech Formatioun ze completéieren. Aus deem Fakultative gëtt elo eng Obligatioun.

Déi meescht Fräiwëlleg ginn an d'Arméi, fir duerno beim Staat eng Plaz ze fannen. Fir hinnen op deem Wee ze hëllefen, gouf et bis ewell d'Optioun, fir fräiwëlleg um Härebierg nees d'Schoulbänk ze drécken a sech besser vir ze bereeden op déi Plazen am ëffentlechen Déngscht fir déi d'Zaldoten en Exklusivrecht oder op d'mannst eng Prioritéit haten.

Ma d'Zäiten hu geännert, och beim Staat ass nom Service net Plaz fir all Volontaire aus der Arméi, sou de Ressortminister Jean-Marie Halsdorf. Et wiere méi Leit do, wéi Plaze beim Staat do sinn. Dowéinst gëtt aus der Weiderbildung elo en obligatoreschen Exercice fir op d'mannst 12 Méint a bis zu 2 Joer. No der Basisinstruktioun an 36 Méint Déngscht fänkt d'Rekonversioun un.

Zil bleift, d'Leit drop virzebereeden, sech an der Aarbechtswelt z'integréieren, sief et am ëffentlechen Déngscht oder am Privatsecteur via Beruffsformatioun, schoulesch Weiderbildung oder eng zilorientéiert Preparatioun op Concours-Examen, zum Beispill fir bei d'Douane oder bei d'Police. E wichtege Volet ass och d'Leit op Virstellungsgespréicher virzebereeden.

Dat Ganzt soll en individuelle Coaching ginn an dowéinst, sou den Arméiminister Jean-Marie Halsdorf, ass d'Iddi och déi, fir bis 2014 d'Schoul vum Site erofzehuelen a se eventuell an den Ettelbrécker Lycée technique anzeféieren.

D'Enseignante kommen aus dem Technique oder Classique aus dem Norden. D'Palette vun der Formatioun ass ganz variabel, well och de Formatiounsniveau variabel ass. Bei deem Exercice ginn d'Education nationale an d'ADEM enk mat agebonn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!