Schmit: Hëllef fir Chômeuren iwwer 45 Joer iwwer ADEM-Projet

RTL - 03.08.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.08.2012, 17:21

N. Schmit: Chômeuren iwwer 45 Joer kréien iwwer en ADEM-Projet ënnert d'Äerm gegraff, dee vum europäesche Sozialfong fir 2012 an 2013 cofinanzéiert ass.

Am Juni louch de Chômagetaux zu Lëtzebuerg bei 6,1%. Dat sinn am Ganzen 13.813 Leit, déi dee Mount op der Sich waren no enger Schaff. Dovunner sinn der ronn 35% iwwer 45 Joer al. Esou waren am Januar dëst Joer eng 5.400 an deem Alter am Chômage. An enger parlamentarescher Fro un den Aarbechtsminister wollt den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser wëssen, wat da konkret fir déi Leit u Mesurë virgesinn ass.

Virop zur Opklärung: Vun deene Leit iwwer 45 Joer, déi keng Aarbecht hunn, waren der ronn 3.000, also eng 56% just bis 16 Joer an d'Schoul. 487 Persounen hu maximal eng 11ème oder eng 3ème gemaach, 1.012 Chômeuren hunn tëscht enger 12ème an enger 14ème oder tëscht enger 2ème an enger Première, a ronn 10,5%, also 567 Persounen hunn een Unisdiplom.

Dee Beruff, dee bei de Chômeuren iwwer 45 Joer am meeschten representéiert ass, ass dee vum Handwierker, méi spezifesch an de Beräicher Bau, Stroum a Mechanik.

Déi mannsten, also 126 Leit, déi am Januar mat iwwer 45 Joer eng Aarbecht zu Lëtzebuerg gesicht, hunn Direktersposten besat oder waren Cadre Supérieur.

Tëscht 2010 an dësem Joer ass d'Zuel vun deene Chômeuren ëm méi wéi 5 Prozentpunkten an d'Luucht gaangen.

Wéi den Aarbechtsminister Nicolas Schmit a senger Äntwert erkläert, kréien déi Leit iwwert ee Projet vun der ADEM elo besser ënnert d''Äerm gegraff. Deen ass vum europäesche Sozialfong fir 2012 an 2013 cofinanzéiert. Zil vun deem Projet ass et, d'Chômeuren an hirer Reinsertioun an d'Aarbechtswelt ze begleeden. Da gëtt och ee Bilan mat de Kompetenzen vum Chômeur opgestallt, deen och un Ateliere muss Deel huelen. Dee Projet soll op d'mannst 300 Demandeurs d'Emploi hëllefen, a se op eng nei Aarbechtsplaz guidéieren.

D'ADEM proposéiert dann och speziell Atelieren fir Chômeuren iwwer 40 Joer. Déi Leit iwwer 45 Joer ginn am Kader vum Programm „Fit4Job“ ebe grad nees fit gemaach, fir eng nei Aarbechtsplaz ze fannen. Eng weider Hëllefsmesüre gëtt et da vum Staat: Deen iwwerhëlt bei Chômeuren vun 30 Joer un een Deel vun de Cotisatiounen fir d'Gesondheetskeess; dat fir de Patron z'entlaaschten. Leit iwwer 30 Joer mussen dofir op d'mannst 12 Méint bei der ADEM ageschriwwe sinn; an deene Fäll iwwerhëlt de Staat 2 Joer Cotisatiounen. Leit vun op d'mannst 40 Joer mussen op d'mannst 3 Méint ageschriwwe sinn; do iwwerhëlt de Staat 3 Joer Remboursement, a bei Chômeuren iwwer 45 Joer bezilt de Staat d'Cotisatioun fir d'Sécurité Sociale bis zu der Pensioun; dofir muss de Betraffenen zanter op d'mannst engem Mount als Demandeur d'Emploi ugemellt sinn.