Fleegefamillen: Wéi funktionnéieren d'Familles d'accueil?

RTL - 09.08.2012, 18:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.08.2012, 19:57

D'lescht Joer hunn hei zu Lëtzebuerg iwwer 500 Kanner an enger Fleegefamill gelieft. Mat de Foyeren a Centres d'accueil woren 1.100 Kanner placéiert.

Eng "normal" Famill mat Kanner: Et ass eng traureg Tatsaach, mä vill Kanner hunn d'Chance net, kënnen an enger intakter Famill opzewuessen. Dat beweist eleng déi heiten Zuel: D'lescht Joer woren hei zu Lëtzebuerg ronn 1.100 Kanner placéiert. 511 Kanner hunn an enger Fleegefamill gelieft.© AFP (Archivbild)
Et gi Situatiounen an engem Kand sengem Liewen, wou et net méi kann a senger Famill bleiwen. Entweder stiechen d'Elteren a grousse finanzielle Schwieregkeeten, si sinn krank oder kënnen dem Kand seng Erzéiung net méi garantéieren. Et gi vill Ursaachen, firwat Elteren oder eng Mamm oder ee Papp sech net méi ëm hiert Kand kënne këmmeren. Dee Moment kann eng Fleegefamill dës ganz wichteg Roll am Kand sengem Liewen iwwerhuelen.

 AUDIO: De Reportage vum Corinne Folscheid (9. August, 12h30). »



D'lescht Joer hunn hei zu Lëtzebuerg iwwer 500 Kanner an enger Fleegefamill gelieft.

Een Deel vun dëse Kanner koum op Eegeninitiativ vun den Elteren an eng sougenannt "Famille d'Accueil", den aneren Deel gouf op Decisioun vun engem Riichter an eng Fleegefamill placéiert.

Alles an allem woren zejoert hei am Land 1.100 Kanner placéiert, dorënner falen och Foyeren oder Centre d'Accueilen.

Fir Fleegefamill ze ginn, muss een sech fir d'éischt bei engem vun deene véier Servicer mellen, déi hei am Land fir d'Vermëttlung vu Fleegekanner zoustänneg sinn. Et sinn dat de Sefia, Fir ons Kanner, d'Antenne Familiale an d'Rout Kräiz.

Vill Bedingungen

Fir als Famill ee Fleegekand bei sech opzehuele muss een allerdéngs eng ganz Partie Konditiounen erfëllen, präziséiert d'Familljeministesch Marie-Josée Jacobs: 30 Stonne schaffen de Service an d'Famille d'accueil mateneen, fir ze kucken, wou sinn der Famill hir Stäerkten an hir Schwächten. Dobäi ginn Äntwerten op Froe gesicht wéi: Wat kann déi Famill deem Kand bidden? Wéi ka si domat ëmgoen?

Wann dann de Service OK seet, da muss d'Famill nach een Agrément kréie vum Familljeministère - dat ass nei, esou d'Ministesch.

D'Basis-Formatioun zitt sech iwwer 100 Stonnen, duerno muss d'Bezuchspersoun vum Kand all Joer nach eemol eng Formatioun vun 20 Stonne maachen. Mä domat ass et awer net gedoen, well an Zukunft mussen och déi aner Familljemembere Formatioune maachen an zwar 16 Stonnen, seet d'Familljeministesch.

Donieft huet d'Fleegefamill all Trimester während 6 Stonnen een Austausch mat dem zoustännege Service, deen d'Kand vermëttelt huet. Déi familiär Ausgangspositioun vum Kand leet fest, op ee Kand fir kuerz Zäit oder fir laang Zäit an eng Fleegefamill kënnt. Anescht wéi bei enger Adoptioun bleift d'Fleegekand ëmmer d'Kand vu senge biologeschen Elteren.

Indemnitéite vum Staat

Eng Famill, déi ee Kand a Fleeg hëlt, gëtt vum Staat finanziell ënnerstëtzt. Fir ee Kand tëscht 0 a 6 Joer kritt déi Persoun, déi sech ëm d'Kand këmmert, zum Beispill eng Indemnitéit vun 1.250 Euro de Mount, déi steierfräi ass. Dobäi kënnt nach d'Kannergeld an d'Bezuchspersoun ass och an der Pensiounskeess ugemellt. De Staat iwwerhëlt donieft och eng ganz Partie Fraisen déi kënnen ufalen.

Wéi et ass wann een eng Fleegefamill ass? Mir woren eng Famill besichen, déi zwee Kanner bei sech opgeholl huet.

 AUDIO: De Reportage vum Corinne Folscheid (9. August, 18h30). »



U sech hätten den Emile an d'Sonja Weber sech et lo gutt kënnen huelen. Hir 3 eege Kanner stinn an tëscht op eegene Féiss a brauchen d'Elteren net méi an dem Mooss wéi kleng Kanner. Op eemol koum awer alles anescht ...


Mat engem "Referenzkand" an engem Foyer fir Kanner vun 0 bis 4 Joer ass et ugaangen. A wéi d'Bezéiung zum Sammy ëmmer méi déif ginn ass, ass d'Fro opkomm, firwat en net mat heem huelen. An du huet d'Sonja mol mat der Famill geschwat ...

Sou eng Decisioun hëlt een net alleng. De Partner, d'Kanner an d'Groussmamm, déi mat am Haus wunnt, hu musse mat averstan sinn
.

Nom Sammy och nach de Luca

Zwee Joer drop ass de Wonsch opkomm mam Luca nach een zweet Kand an d'Fleeg ze huelen.
Eng weider Ëmstellung fir déi ganz Famill ...

D'Angscht, dass enges Daags d'Eltere vun deenen zwee Fleegekanner virun der Dier s
tinn an hir Kanner erëm wëllen, ass ëmmer nees präsent. Als Fleegeeltere muss een sech dem dann och bewosst sinn, seet d'Sonja, déi awer selwer Laangzäitplacementer huet.

Haut ka sech déi ganz Famill ee Liewen ouni hir zwee Fleegekanner net méi virstellen. Als potentiell Fleegefamill muss een sech allerdéngs bewosst sinn, dass vill Erausfuerderungen op een duerkommen. Wann een awer fest decidéiert ass, dee Wee ze goen, sollt een sech net dovun ofbrénge loossen. Do sinn sech den Emile an d'Sonja Weber eens: "Et ass vill Freed an all Kand huet eng Chance verdéngt." Ma et sollt ee sech déi Erfahrung ganz gutt iwwerleeën, well e Kand kinnt een net wéi eng Spillsaach zeréckginn.