Douane: Wat däerf ee mat erabréngen a wat net?

RTL - 10.08.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 16:35 | 11 Commentaire(n)

Vill Vacanciere brénge Souvenire mat Heem oder profitéiere vum Tax Free. Mir hu bei der Douane nogefrot wat a wéi vill een dierf matbréngen.

Fänke mer awer mol dermadder u wat een dierf mat huelen oder muss deklaréiere wann een an d'Ausland reest. Zum Beispill beim Borgeld muss een alles iwwer 10.000 Euro uginn, an sou de Porte Parole vun der Douane Nico Düsseldorf, muss een oppassen deemno wat een huet, datt een déi richteg Pabeieren derbäi huet. Wann ee richteg deier Saache mat op Rees hëlt, soll ee vläicht eventuell d'Rechnung mathuelen, fir wann een erëmkënnt de Beweis huet datt et Saache sinn déi vun hei aus matgeholl gi sinn.

Leit déi fëmme profitéiere quasi ëmmer vum Tax Free oder soss méi bëllegen Zigaretten déi se mat Heem bréngen. Do ginn et offiziell Beschränkungen, datt een net méi wéi 800 Zigaretten, also 4 Staangen, däerf matbréngen. Mä am Reglement steet "destiné à la consommation personelle", wat déi Beschränkungen natierlech méi flexibel mécht.

Beim Alkohol sinn et bis zu 90 Liter Wäin pro Kapp. Bei méi staarken Alkohol sinn et nëmmen 10 Liter.

Bei Liewensmëttel muss ee besonnesch oppasse, virun allem wann ee se vu baussent der EU mathëlt.

Aus 3. Länner ass et wierklech verbueden, Mëllech- oder Fleeschprodukter mat eranzebréngen well einfach d'Gefor ze grouss ass datt d'Leit sech enger Infektioun aussetzen.

Op villen Destinatioune gëtt ee vu gefälschte Luxusproduite gelackelt wéi Aueren, Pochen oder Kleeder.

Et ass verbuede gefälschte Saache mat eran ze bréngen. Dat ass d'Grondregel. Wann d'Douane eng Fälschung konstatéiert oder soupçonnéiert, sinn si gehalen den Titulaire vun der Marque unzeruffen an deen decidéiert dann ob en eng Plainte um Geriicht mécht oder net.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!