Assange: Wikileaks-Grënner seet Ecuador Merci fir Asyl
RTL - 19.08.2012, 10:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.08.2012, 06:25 | 16 Commentaire(n)
Den Assange huet an enger ëffentlecher Usproch um Balkon vun der ecuadorianescher Botschaft zu London dem Ecuador fir den Asyl Merci gesot.

Den Assange, géint dee jo en EU-wäiten Haftbefehl aus Schweden wéinst Verdacht op Sexualdelikter virläit, huet enger ëffentlecher Usproch um Balkon vun der ecuadorianescher Botschaft zu London dem Ecuador Merci gesot, dass d'Land him Asyl ginn huet. Froen iwwert seng Zukunft huet hien awer op gelooss.
Hien huet d'USA iwwerdeems opgefuerdert mat der Hexejuegd op seng Internetplatform an op Informanten opzehalen. Soulaang wéi géint Wikileaks géif ermëttelt ginn, stéing och d'Meenungsfräiheet an d'Gesondheet vun all eise Gesellschaften um Spill. Den Assange ass sengem Beroder no iwwerdeems a Stëmmung fir seng Fräiheet ze kämpfen. Hien hätt dofir säin Team vun Affekoten ugestallt, weider juristesch Schrëtt ze ënnerhuelen. Dat sot de Baltasar Garzon am Kader vum Assange sengem Optrëtt. Detailer huet hien net genannt. Hie wéilt awer d'Rechter vu WikiLeaks, vu sech selwer, a vu jidderengem, géint deen den Ament ermëttelt gëtt, schützen.
De Wikileaks-Grënner sëtzt jo zanter Mëtt Juni an der Ambassade vun Ecuador zu London fest. Sollt den Australier dofir d'Gebai verloossen, kéint hien direkt vun der britescher Police festgeholl ginn. Zu Guayaquil an Ecuador kommen d'Ausseministere vun der Unioun vun de südamerikaneschen Natiounen zesummen, fir iwwert de Fall Assange ze beroden; d'Alliéiert vun Ecuador hunn iwwerdeems erkläert, dass et eescht Konsequenzen hätt, wann d'britesch Police den Julian Assange an d'Ambassade vun Ecuador zu London géif siche goen.
Ecuador kritt am diplomatesche Sträit ronderëm de Wikileaks-Grënner Julian Assange iwwerdeems de Réck vun der südamerikanescher Staatenallianz Unasur gestäipt. D'Ausseminister vun deene concernéierte Länner hu sech op engem Treffe mat Responsabel aus dem Ecuador solidaresch mam Land gewisen.

Äre Commentaire