Buenos Aires: Doudeger an 675 Blesséierter bei Zuchaccident

RTL - 22.02.2012, 15:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.02.2012, 19:59

Buenos Aires: 50 Doudeger an 675 Blesséierter, dovunner 200 schwéier, dat ass den neien traurege Bilan vum uergen Zuchaccident e Mëttwoch an Argentinien.

© AFP
Engem Porte-Parole vum Verkéiersministère no, ass den Zuch mat enger Vitesse vun 20 Stonnekilometer an d'Gare Onze, am Weste vun der Haaptstad gefuer an ass do an e Quai geknuppt. D'Police geet dovun aus, datt den Zuch net ofgebremst gouf. Ob d'Bremsen versot hunn, muss nach gekläert ginn.

Am Zuch waren ëm déi 2.000 Leit an de Schock wier immens hefteg gewiescht, sou e Passagéier, deen d'Ongléck materlieft huet. Verschidde Waggonge wieren aneneegedréckt, een dovun bis zu 6 Meter. Ronn 30 Passagéier goufen ageklemmt.

Ënnert den 50 Doudesaffer sinn och Kanner, d'Zuel vun den Affer kéint awer nach klammen.

Foto: AFP