Spuenesch Kornischongen net Ausléiser vun EHEC-Epidemie
RTL - 31.05.2011, 15:45 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.06.2011, 17:39 | 14 Commentaire(n)
Deen EHEC-Erreger, deen zu Hamburg op spuenesche Kornischonge fonnt gouf, huet d'EHEC-Epidemie an Norddäitschland anscheinend net ausgeléist.

Déi spuenesch Kornischonge si wahrscheinlech net Schold un der EHEC-Epidemie. D'Sich nom EHEC-Bazill fänkt also nees vu vir un.
Op zwou spuenesche Kornischongen zu Hamburg, déi d'Quell vum Erreeger sollte sinn, goufen zwar EHEC-Keimer fonnt, mä et war en aneren Typ wéi dee vun de kranke Leit, sot um Dënschdeg d'Gesondheets-Senateurin vun Hamburg.
D'Ursaach vun de schlëmmen EHEC-Infektiounen ass also weider onkloer.
D'Keimer op den zwou aneren, belaaschte Kornischongen sinn nach net identifizéiert.
Reaktioun vun Naturata
Nodeems déi nei Informatioune komm sinn, huet Naturata op hirem Internetsite esou reagéiert: "Durch die neuen Nachrichten von heute Nachmittag bezüglich der Feststellung des Hamburger Institut für Hygiene und Umwelt, dass die auf den spanischen Gurken gefundenen E. coli nicht der EHEC Erreger-Stamm O104, der der Auslöser der aktuellen Krankheitswelle ist, ist nun die Diskussion über spanische Bio-Produkte hinfällig. Wir wünschen uns, dass das nun total verzerrte Bild in den Medien betreffend Bio-Produkte wieder zurecht gerückt wird."
Spuenien freet Schuedenersaz
Déi spuenesch Baueren sinn natierlech rosen, well se mat héije finanziellen Aboussen ze kämpfen hunn. Et geet Riets vun 200 Milliounen Euro Verloscht pro Woch. Spuenien huet um informelle Conseil vun den EU-Landwirtschaftsministeren Entschiedegunge fir all europäesch Baueren gefrot déi wéinst de, Ehec Verloschter hunn. D’Land ass enttäuscht iwwert d’Aart a Weis wéi Däitschland mat der Kris ëmgaang ass a fuerdert, datt den Handel mat spueneschem Geméis direkt nees autoriséiert gëtt.
Den EHEC-Bazill breet sech weider aus
Schweden huet en éischt Doudesaffer ze bekloen. Eng 50 Joer al Fra vu Stockholm war den 29. Mee no enger Däitschland-Rees mam Verdacht op eng EHEC-Infektioun an e Spidol ageliwwert ginn an ass un de Suite gestuerwen. D'EU-Kommissioun huet matgedeelt, datt a Schweden bis ewell 30 nogewisen EHEC-Fäll gouf.
Och eng Fra an Dänemark ass un de Suitë vun der Infektioun gestuerwen.
An Niedersachsen ass e Mëttwoch och eng weider Persoun un de Suitë vun enger EHEC Infektioun gestuerwen, et ass dat 17 Doudesaffer.
Schnelltest entwéckelt
Den EHEC-Bazill breet sech och an Däitschland weider aus an déi eendeiteg Quell vum Problem ass nach net fonnt, ëmmerhin kënnen d’Wëssenschaftler vun der Uniklinik zu Münster sech awer iwwert e klenge Succès freeën. Si hunn e Schnelltest entwéckelt mat deem den Erreger an e puer Stonnen nogewise ka ginn.
Déi medezinesch Héichschoul zu Hannover huet éischt positiv Experienze mat enger neier Therapie gemaach. An eng Grëtz Optimismus gëtt et och zu Hamburg, do huet sech de Bazill ze lescht manner séier verbreet, eng Entwarnung gëtt awer nach net.
Och op der Krisereunioun zu Berlin hunn d’Experten nach emol kloer gesot, datt den Héichpunkt nach net erreecht ass a mat weideren Doudesfäll gerechent gëtt. Bis ewell si 15 Persounen an Däitschland um EHEC gestuerwen.

Äre Commentaire