Frankräich: Retard vun TGV wéint Sabotage vu Caténaire

RTL - 02.11.2008, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 02.11.2008, 11:18

Pann: Eng 50 TGVen kruten de Samschdeg zolitten Retard op hirem Wee an d’Gare Montparnasse, respektiv aus där Paräisser Gare eraus.

Wéinst engem Problem mat engem Caténaire ass et zu Verspéidungen vun bis zu 6 Stonnen komm.

D’SNCF huet de Sonndegmoien matgedeelt, dass déi elektresch Linnen sabotéiert goufen. Enger éischter Analyse no gouf op der Héicht vu Marcoussis - an der Paräisser Géigend - mat engem Gewier op eng vun de Kontaktleitungen geschoss.

D’SNCF huet Plainte géint „Inconnu“ déposéiert.