Protest: Englesche Wikipedia schallt sech fir 24 Stonnen of

RTL - 17.01.2012, 10:58 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.01.2012, 06:56 | 45 Commentaire(n)

De ganze Mëttwoch wäert déi englesch Versioun vu Wikipedia net erreechbar sinn. Domadder wëlle si géint en neit Internet-Gesetz an den USA demonstréieren.

Déi amerikanesch Regierung ass kuerz virdrun iwwer SOPA (Stop Online Piracy Act) ofzestëmmen.  Mam Hannergrond d'Online Piraten ze bekämpfen, géif d'US-Regierung duerch dat Gesetz d'Muecht kréien all Internetsite, deen si als Verdächteg ugesinn, direkt an ouni Virwarnung ofzeschalten.

Esou wéi den Text am Moment ausgesäit, kéint d'US-Regierung net nëmmen déi Zensurmoossnahm bei engem direkte Verstouss géint den Droit d'Auteur asetzen, mä och, wann si vun iergendwellechen anere Rechtsverletzunge kënnen ausgoen. Domadder hätte si souguer bei engem klenge Verdacht d'Méiglechkeet, de Site vum Internet ze huelen, och wann hire Verdacht sech um Enn net bestätegt.



Déi englesch Versioun vu Wikipedia an déi aner sëlleche Siten déi matmaachen, wëllen illustréiere wat geschéie kann, wann d'amerikanesch Gesetzer ëm déi et geet ëmgesat ginn.

Amplaz Wieder a Begrëffer nosichen ze kënnen, kënnt den Internetuser um Mëttwoch just op e schwaarzen Hannergrond. Mat wäisse Buschtawen steet de Saz ze liesen: „Stell der eng Welt fir ouni fräit Wëssen“ mat e puer Erklärungen.


Hannert dëser éischter Säit ass de Site vu Wikipedia fir 24 Stonnen net accessibel.


De Message ass kloer: D'Fräiheet vum Internet ass a Gefor a Wikipedia brauch e fräien Internet.

D'Anti-Pirateriegesetzer gi vun der Musekindustrie an Hollywood ënnerstëtzt.


D'Piratepartei schléisst sech dem Internet-Streik un

Wéi d'Partei matgedeelt huet, ass hir Internetsäit um Mëttwoch och net accessibel, well si sou wëll mat géint d'Pläng vum amerikanesche Repräsentantenhaus a vum Senat protestéieren, d'Internet weltwäit wëllen ze zenséieren.

 AUDIO: De President, Sven Clement, erkläert firwat d'Lëtzebuerger Piratepartei beim Protest matmécht. »



 AUDIO: De Sven Clement iwwert d'Envergure vum Protest. »




Internet-Streik (18.01.2012)
Et ass e politesche Protest géint zwee an Amerika geplangten Gesetzer,déi den Zougang zu auslännesche Siten
bestrofen, wann droits d'auteuren falsch benotzt gi





Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!