Somalia: Konferenz zu London mam Jean Asselborn

RTL - 23.02.2012, 06:05 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.02.2012, 18:07

Somalia steet en Donneschdeg am Mëttelpunkt vun enger internationaler Konferenz zu London. Lëtzebuerg gëtt vum Ausseminister Jean Asselborn vertrueden.

Afrikanesch a westlech Politiker sëtzen um Donneschdeg zu London zesumme fir iwwert d’Zukunft vu Somalia ze schwätzen - engem Land, wou et zanter Joere Biergerkrich an Hongersnout gëtt. Dorënner déi amerikanesch Ausseministesch Hillary Clinton an den UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon. 

Am Mëttelpunkt vun den Diskussioune stinn den Terrorismus, d’Piraterie an déi humanitär Hëllef. Et kéint een historesche Moment gi fir Somalia, sou de briteschen Ausseminister William Hague fir den Optakt vun der Konferenz. Et wieren an de leschte Woche wichteg Fortschrëtter gemaach ginn. Den UNO-Sécherheetsrot huet donieft e Mëttwoch mat enger Resolutioun d'Zuel vun den Zaldote vun der internationaler Schutztrupp vu bis elo maximal 12.000 op bal 18.000 erhéicht.

Déi amerikanesch Ausseministesch Hillary Clinton huet een Appel un déi international Communautéit gemaach, eng gemeinsam Aktioun fir Somalia op d'Been ze stellen. Et hätt een lo eng realistesch Méiglechkeet, sou d'Hillary Clinton zu London. Joerzéngtelaang hätt d'Welt just probéiert dat Schlëmmst ze verhënneren. Elo kéint een sech nees froen, wat kann opgebaut ginn. 

Déi amerikanesch Ausseministesch huet annoncéiert, dass d'USA weider 64 Milliounen US-Dollar fir Somalia zur Verfügung stellen. D'USA hu bis haut iwwer 900 Milliounen Dollar fir d'Hëllef a Somalia deblockéiert. D'Land ass zanter 20 Joer am Biergerkrich. Den Ament gëtt d'Iwwergangsregierung vun de radikalislameschen Al-Shabab-Milize bedreet. Honger, Terrorismus, Piraterie an honnertdausende vu Flüchtlinge suerge fir weider Instabilitéit. Am August geet d'Mandat vun der Iwwergangsregierung zu Mogadischu, déi vum Westen ënnerstëtzt gëtt, op een Enn.

Lëtzebuerg ass duerch den Ausseminister Jean Asselborn vertrueden. Lëtzebuerg bedeelegt sech zanter 2 Joer un der Missioun Atalanta mat 2 Fligger, déi de Golf vun Aden surveilléieren. Fir de lëtzebuerger Ausseminister een Zeechen vum Engagement, dat eist Land nieft dem humanitäre Volet a Somalia leescht.

 AUDIO: De Roy Grotz am Gespréich mam Jean Asselborn »