Status Update: De Mark Zuckerberg huet sech bestuet

RTL - 20.05.2012, 08:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 20.05.2012, 08:40 | 0 Commentaire(n)

Fir de Grënner vu Facebook wor et eng opreegend Woch. Fir d'éischt huet hie säi Konzern un d'Bourse bruecht an dunn seng Frëndin bestuet.

A sou wéi et sech fir den 28 Joer ale Chef vu Facebook gehéiert, huet de Mark Zuckerberg op senger Facebook-Säit annoncéiert, dass hien an seng Frëndin sech e Samschdeg bestuet hunn. Hien huet eng Hochzäitsfoto gepost op där d'Koppel ze gesinn ass an de Mark Zuckerberg mol eng Kéier net am T-Shirt.

De Status gouf natierlech och deementspriechend geännert, an aus Single gouf Married.

De Mark Zuckerberg a seng Fra Priscilla Chan sinn zanter hirer Studentenzäit eng Koppel.

D'Hochzäitsfeier selwer wor am ganz klenge Krees doheem bei der Famill Zuckerberg a Kalifornien.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!