Äerdbiewen am Nord-Oste vun Italien: Op d'mannst 7 Doudeger

RTL - 20.05.2012, 08:55 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.05.2012, 07:01

Engem leschte Bilan no koumen op d'mannst 7 Persounen um Sonndeg de Moie fréi duerch een Äerdbiewen am Norde vun Italien ëm d'Liewen.

Dorënner eng Fra vun iwwer honnert Joer.

D'Biewen hat eng Stäerkt vu 5,9 op der Richterskala a gouf kuerz no 4.00 Auer an der Regioun Emilia-Romagna registréiert. A wäiten Deeler vu Norditalien wor d'Biewen nach ze spieren.

Op d'mannst 4 Fabrikaarbechter koumen ëm d'Liewen. Si goufe vu Stécker erschloen déi erofgefall sinn.

Ënnert den Doudesaffer ass och eng däitsch Staatsbiergerin, déi sech aus beruffleche Grënn an der Regioun opgehalen hat.

Ee klengt Meedche vu 5 Joer konnt lieweg aus den Debrisë gerett ginn.

Annerhallef Stonn nom éischte Biewen huet de Buedem dunn nees geziddert. Et goufen nach e puer Nobiewe registréiert vun 2,9 bis 3,3 op der Richterskala.

Am schlëmmste betraff sinn d'Provënze vu Modena a Ferrara. Op der italienescher Televisioun si Biller vun zerstéierten Haiser a Kierchen ze gesinn, dorënner och historesch Gebaier. Aus Sécherheetsgrënn hunn eng Partie Klinike musse geraumt ginn.

Dausende Leit hunn an der Nuecht op e Méindeg an Noutlageren oder bei Frënn a Famill geschlof an de Buedem huet an der Regioun Emilia Romagna ëmmer nees wéinst Nobiewe gewackelt. D'Regierung huet fir déi betraffe Géigend den Noutstand ausgeruff.


Äerdbiewen am Nord-Oste vun Italien (20.05.2012)
Engem leschte Bilan no koumen op d'mannst 7 Persounen um Sonndeg de Moie fréi duerch een Äerdbiewen am Norde vun Italien ëm d'Liewen.