Ägypten: Presidentewahlen biswell ouni Tensiounen

RTL - 23.05.2012, 06:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 24.05.2012, 10:57

An Ägypten gëtt weider gewielt. Den éischten Dag vun den historesche Presidentschaftswahlen ass friddlech, mä net ouni Tensiounen op en Enn gaang.

Et sinn och um Donneschdeg scho ganz vill Leit an de Wahllokaler passéiert, e Mëttwoch hunn d'Autoritéite vun engem stiermeschen Dag geschwat.

D'Wahlparticipatioun louch bei 25 Prozent.

28 Mënsche ware blesséiert ginn, virun allem well et a verschiddene Wahlbüroe Kläppereien tëschent de Sympathisante vun eenzelne Kandidate goufen.

50 Milliounen Ägypter sinn opgeruff a ronn 13.000 Wahlokaler hir Stëmm ofzeginn.

12 Kandidaten hu sech fir déi éischt Ronn presentéiert, wa kee vun hinnen eng absolut Majoritéit kritt, geet et Mëtt Juni an den Ballotage.

Als Favorite gëllen zwee fréier Politiker vum Mubarak Regime, awer och en onofhängegen Islamist, an e Kandidat vun de Muslimbridder.

Experte rechnen domat, dass kee vun de Kandidaten direkt eng absolut Majoritéit kritt. An deem Fall kënnt et Mëtt Juni zu enger Stéchwahl.

 

De ägyptesche Militärrot suivéiert d'Wahlen ganz genee. De Genereel déi d'Land den Ament regéieren geet et virop drëms, datt den neie President hir Privileger net a Fro stellt. Bis ewell ass nach all President an Ägypten aus de Reie vun der Arméi komm.