Poopst: Enkste Vertraute soll "Maulef" gewiescht sinn
RTL - 27.05.2012, 17:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.05.2012, 07:38
Dem Poopst Benoît XVI. säi sougenannten "Homme à tout faire" soll geheim Dokumenter vum Vatikan matgoe gelooss a weider ginn hunn.

De 46 Joer alen Paolo Gabriele ass zanter 6 Joer schonn ee vun den enksten an eenzege Vertrauten, déi illimitéierten Accès an dem Poopst seng privat Kummeren a Raim hunn.
De Procureur vum Vatikan geheit dem Mann vir, dem Poopst seng Sécherheet a Gefor bruecht ze hunn, andeems e geheim Dokumenter ënnert anerem un d'Presse weiderginn huet.
De Paolo Gabriele riskéiert bis zu 30 Joer Prisong; säi Prozess gëtt um vatikaneschen Strofgeriicht ofgehal.