Italien: Traurege Bilan no Äerdbiewen, 22 Doudeger

RTL - 29.05.2012, 09:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 31.05.2012, 06:55

Alt nees eng Kéier ass de Norde vun Italien gerëselt ginn. Ganzer 22 Leit ëmkomm, 350 si blesséiert ginn an dausende setzen op der Strooss.

© mappy

Den Zentrum vum Äerdbiewe louch bei Emilia-Romagna am Nord-Oste vu der italienescher Stad Parma, wou jo um Dënschdeg de Football Match tëscht Italien a Lëtzebuerg ugepaff sollt ginn. Dësen ass awer bis op weideres ofgesot ginn.

Um Dënschdegmueren hat d'Äerdbiewen eng stäerkt vun 5,8 op der Richterskala. Puer Stonnen drop, kuerz no 13 Auer ass de Norden vun Italien awer nees zwee mol gerëselt ginn, déi kéier mat enger Stäerkt vu 5,3 op der Richterskala.

Gespuert huet een et an engem groussen Deel vu Norditalien. Vun Südtirol, iwwer Mailand bis an der Toskana a souguer an Éisträich.

Bis ewell sinn 22 Leit ëmkomm, dorënner och 2 Auslänner. Ronn 350 Leit si méi oder manner schwéier blesséiert.

Eng 14.000 Leit hunn an der Emilia Romagna hiren Dach iwwert dem Kapp verluer a mussen zanter a Sportshalen an Zelter ënnerbruecht ginn.

Um Dënschden konnt een awer och Leit déi ënnert Ruine begruewe woren retten, esou zum Beispill eng méi eeler Damm.


Italien: Hëllefsmesuren no Ärdbiewen decidéiert (30.05.2012)
Alt nees eng Kéier ass de Norde vun Italien gerëselt ginn. Ganzer 22 Leit ëmkomm, 350 si blesséiert ginn an dausende setzen op der Strooss.





Den Ament sinn an der Géigend zum Eipzentrum d'Schoulen, d'Spideeler an aner offiziell Gebaier evakuéiert ginn.

D'Schoulen an der Ëmgéigend bleiwen och bis op weideres zou.

D'Leit woren och opgeruff ginn hire WiFi fräi ze schalten, sou dat jiddereen drop Accès huet an eventuell Noutriff konnt duerchginn.

Scho virun 10 Deeg hat de Buedem an der selwechter Géigend geziddert. 7 Leit haten hiert d'Liewe verluer an et goufen och héich Materiell Schied festgestallt.

Weider materielle Schued ass bis ewell nach net gemellt, ma et ginn awer am Norde vun Italien zolidt Problemer am Zuchverkéier.

© AFP


Vill Leit sinn och duerch de staarken Nobiewen a Panik gerode gewiecht .

Experte ginn dovun aus dat een an de nächsten Deeg a Wochen op jiddefalls nach mat weideren Nobiewe rechne kann.


Ärdbiewen an Italien (29.05.2012)
Weinst dem Ärdbiewen mat dem Zentrum am Nord-Osten vun der italienescher Stadt Parma, gouw de Frendschaftslännermätch Italien geint Letzebuerg annuleiert.



Éischt Reaktiounen vu Politiker

Den italienesche Premier Mario Monti huet um Dënschdegmuere scho reagéiert a versicht d'Leit dobaussen ze berouegen.

Hien betount dat den Ament alles an d'Weeër geluecht gëtt, fir éischt Hëllef ze garantéieren an nees rou am Alldag vun den Italiener ze bréngen.

FranséischePresident François Hollande

"J'apprends avec une vive émotion qu'un tremblement de terre a frappé le Nord-Est de l'Italie, près de Modène, ce mardi 29 mai au matin.

C'est une région déjà très éprouvée il y a quelques jours qui est de nouveau violemment atteinte.

J'assure les victimes et leurs proches de ma profonde sympathie et adresse mes condoléances attristées aux familles des dix personnes décédées.

La France se tient à la disposition des autorités italiennes pour leur apporter toute l'aide humaine et logistique qui pourrait leur être utile dans cette épreuve.

Au nom de la Nation tout entière, j'exprime au peuple italien ma solidarité et mon amitié."

Grand-Duc Henri:

"Monsieur le Président,

C’est avec une grande émotion que la Grande-Duchesse et moi-même avons appris la nouvelle du terrible séisme qui vient de frapper à nouveau votre pays et en particulier la région d’Emilie-Romagne.

Le peuple luxembourgeois se joint à nous pour exprimer notre profonde sympathie et compassion à tous ceux que cette tragédie frappe si cruellement.

Henri

Grand-Duc de Luxembourg"

Jean-Claude Juncker:

Suite aux séismes qui ont frappé la province d'Emilie-Romagne en Italie, le Premier ministre Jean-Claude Juncker a transmis, au nom du gouvernement luxembourgeois et en son nom personnel, « sa sympathie attristée et ses sincères condoléances » à Mario Monti, président du Conseil des ministres de la République italienne.

« Je m'associe à la peine des familles et proches des victimes et leur exprime mes sentiments de solidarité. Mes pensées vont aussi aux nombreux blessés auxquels je transmets mes meilleurs vœux de rétablissement », a écrit le Premier ministre luxembourgeois dans une lettre de condoléances.



© AFP