Mordprozess Lolita Brieger: Ex-Frënd gouf fräigesprach

RTL - 11.06.2012, 06:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.06.2012, 15:59

Zu Tréier ass d'Uerteel am Mordprozess Lolita Brieger gesprach. Den Ex-Frënd vun der jonker Fra gouf am Prozess fräigesprach.

De Mord ass schonn 30 Joer hir. Et wier wuel ni zum Prozess komm, wa sech net en deemolegen Bekannte vum Ugekloten am Hierscht zejoert bei der Police gemellt hätt fir ze soen wou hien an deen aneren d'Läich verstoppt haten.