Chávez stellt sech nees fir d'Präsidentschaftswahlen op

RTL - 12.06.2012, 10:44 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 12:13

De Chávez stellt sech op en neits fir d'Präsidentschaftswahlen am Venezuela op, nodeems hie schonn zanter 12 Joer um Pouvoir ass.

De Präsident vu Venezuela, Hugo Chávez huet sech offiziell fir eng nei Kandidatur als Staatschef opgestallt. A Begleedung vu senge sozialistesche Ministeren, huet hie seng Kandidatur bei der Wahlkommissioun agereecht.

''Ech verséchere Venezuela an der ganzer Welt, dass ech d'Resultater vun dëse Wahlen acceptéieren wäert''. Mat deem Verspriechen huet hie seng Campagne lancéiert. De 7. Oktober ass den éischten Tour vun de Wahlen. Als stäerkste Géigner vum Hugo Chávez, gëllt den Oppositiounspolitiker Henrique Capriles.

De Chávez, wëll trotz senger Kriibs-Krankheet seng drëtt Amtszäit, vun all Kéiers 6 Joer, ugoen. Hie wier da bis 2019 op en neits Staatschef vu Venezuela. 

Senger eegener Ausso no fillt de 57 Joer ale Präsident sech trotz Chemotherapie a Bestrahlung gutt. Dem Lénkspopulistesche Politiker säi Gesondheetszoustand huet ëmmer rëm fir Spekulatiounen iwwert seng politesch Zukunft gesuergt.