Australien: Bëbee verschleeft, Dingo schëlleg - no 32 Joer
RTL - 12.06.2012, 12:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.06.2012, 12:26 | 7 Commentaire(n)
No 32 Joer ass ee weltberühmte Mordfall an Australien opgekläert ginn: De Mäerder war definitiv een Hond, ee sougenannten "Dingo".

D'Elteren hunn awer ëmmer betount, dass si näischt domatter ze dinn hätten an dass wahrscheinlech een Déier d'Kand an der Nuecht geholl hätt.

Wéi d'Jackett vum Kand dräi Joer drop fonnt ginn ass, koum d'Mamm aus dem Prisong eraus, wëll et Zweiwel un hirer Schold gouf an e Méindeg huet ee Geriicht an Australien also definitiv entscheet, dass een oder méi "Dingoen" de Bébé verschleeft hunn.
D'Schicksal vum Kand an der Famill war mam Meryl Streep verfilmt ginn, et gi Bicher, Serien an esouguer eng Oper iwwert dëse Fall, deen dann elo ofgeschloss ass.


Äre Commentaire