Griichenland: Koalitioun ronderëm de konservative Samaras
RTL - 17.06.2012, 08:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 14:56
Parlamentswahlen a Griichenland: Den Antonio Samaras kënnt mat der Nea Dimokratia op 29,7% vun de Stëmmen a kann eng Koalitioun forméieren.

D’Parlamentswahlen a Griichenland wore mat grousser Spannung erwaart ginn – et goung ëm, d’Zukunft vum Land an der Eurozon. Déi konservativ a pro-europäesch Nea Dimokratia, déi d’Spuermesure weider wëll ëmsetzen, huet gewonnen, knapp virum lénke Groupement Syriza, deen d’Spueroplage ofleent.
D’Nea Dimokratia kënnt op 29,3%, d’Syriza op ronn 27% an déi sozialistesch Pasok op 12,3 %.
Am Mëttelpunkt vun de politeschen Traktatioune steet domat déi kleng Dimar-Partei, déi 6,5% vun de Stëmme ka verbuchen.
Déi konservative Chef Antonis Samaras sot e Sonndeg den Owend hie wéilt esou séier ewéi méiglech eng Regierung forméieren, déi de Spuerpak ënnerstëtzt. Seng Partei an d’Sozialisten kriiten zesummen eng knapp Majoritéit. De Samaras huet eng Koalitioun vun alle pro-europäesche Parteie gefuerdert.
D’Pasok seet awer, dass och aner lénk Parteie vertruede musse sinn. D’Koalitiounsverhandlungen dierften deemno nees schwiereg ginn.
Bréissel wëll no de Parlamentswahlen a Griichenland haart géintiwwer vum Land bleiwen an hält weider drop, datt de Spuerprogramm agehal gëtt. Europa wier Athen scho vill entgéint komm, sot den EU-Budgetskommissär Janusz Lewandowski an och de Eurogruppe-Chef Jean-Claude Juncker sot déi entaméiert strukturell Reformen wieren de beschte Wee sozial Erausfuerderungen z'iwwerwannen.
Wéi de Chef vum EURO-Grupp Jean-Claude Juncker via Communiqué matdeele léist, wier d'Weiderféiere vun de strukturelle Reformen dee beschte Wee, fir d'sozial Erausfuerderungen z'iwwerwannen.
D'europäesch Boursen hunn allgemeng positiv op d'Victoire vun der Nea Dimokratia reagéiert a sinn am Plus an déi nei Woch gestart, zu Athen souguer mat 6,5%. Lo muss nach eng Koalitioun forméiert ginn, dat dierft net sou einfach ginn.

Parlamentswahlen a Griichenland : Favorite Kap u Kap (17.06.2012)
Eischen Héichrechnungen no keimen déi Konservativ pro Euro op 27,5 bis 30,5 % an déi radikal Lénk anti Spuerpläng op 27 bis 30%.
