Frankräich: Absolut Majoritéit fir d'Gauche
RTL - 17.06.2012, 08:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 18.06.2012, 09:45 | 4 Commentaire(n)
A Frankräich war um Sonndeg den 2. Tour vun de Legislativwahlen: Absolut Majoritéit fir d'Gauche. Out fir Royal, Morano, Bayrou, Lang an och fir Le Pen.

Nëmme 36 Kandidaten hate sech schonn am éischten Tour duerchgesat, an sinn deemno scho gewielt.
D'Participatioun war zimlech niddreg mat engem Taux d'Abstentioun vu 44%.
D'Gauche kënnt hannen um Enn zesummen op 346 vun den Sëtzer, woubäi d'absolut Majoritéit bei 289 Deputéierten läit. De PS kënnt mat sengen enken Alliéierte op 314 Deputéierter.
D'Droite verléiert eng 100 Deputéierten-Sëtz an ass mat 226 Kandidaten an der Oppositioun.
D’Ecologisten notéieren e grousse Succès – si kënne mat 18 Deputéierten eng éischte Kéier e parlamentaresche Grupp an der Assemblée grënnen.
Déi 25 sozialistesch Ministeren, déi an de Legislativwahle kandidéiert haten, goufen all gewielt.
Eng vun de Plazen, wou am meeschten drop gekuckt gouf, war La Rochelle – hei stoungen sech zwee Kandidate vun de Sozialiste géintiwwer – den Olivier Falorni war net bereet, sech zeréckzezéien an ass géint d'Ségolène Royale ugetrueden. Si huet awer hei verluer. Domat verzicht si och op de Poste vu Presidentin vun der Assemblée Nationale.

De François Bayrou ass an de Pyrénées-Atlantiques och net zeréckgewielt. Den Jack Lang ass och net Deputéierte fir d'Vogesen.
Spannend och den Duell géint der Presidentin vum Front National d'Marine Le Pen an dem Sozialist Philippe Kemel. Si stounge sech am Pas-de-Calais géintiwwer. Hei huet et laang dono ausgesinn, wéi wann d'Marine Le Pen de Sozialist géing klappen. D'Resultater sinn awer elo eraus an d'Marine Le Pen huet verluer! Si géing dëst Resulat awer elo kontestéieren. Dem Marine seng Niess, déi 22 Joer jonck Marion Maréchal-Le Pen wier also déi eenzeg Le Pen an der neier Assemblée Nationale. Den Affekot Gilbert Collard ass och gewielt. Alles an allem ass et no 1988 de Retour vum FN an d'Assemblée, wou 3 Deputéierter wäerte siègéieren.
D'Kulturministesch, Aurélie Filipetti, déi jo bekanntlech vun hei vir aus der Moselle kënnt, huet mat grousser Majoritéit gewonnen an zwar mat iwwer 60% vun de Stëmmen.
D'Michèle Alliot-Marie gouf och net an de Pyrénées-Atlantiques gewielt, genee sou wéi de kontroverséierte fréiere Inneminister Claude Guéant zu Boulogne. Bei der UMP goufen awer e puer wichteg Figure gewielt, wéi z.B. déi fréier Ministere François Baroin, Nathalie Kosciusko-Morizet, Bruno Le Maire oder Luc Chatel.

Cordery 1. Deputéierte fir de Benelux
Am Ausland hu sech d'Fransousen och zu enger Majoritéit fir d'Sozialisten entscheet. Et war jo déi 1. Kéier datt d'Fransousen am Ausland Deputéierte wiele konnten. Hei zu Lëtzebuerg an am Recht vum Benelux gouf de Sozialist Philip Cordery mat enger grousser Majoritéit gewielt. Hie gëtt also den 1. franséische Deputéierte fir de Benelux.

Presserevue
"Le PS dispose désormais de la majorité absolue à l'Assemblée Nationale. Le paysage politique français sort profondément bouleversé après neuf mois de campagne électorale ininterrompue", reconnaît Etienne Mougeotte dans Le Figaro.Pour Libération et Nicolas Demorand, c'est même "une vague impressionnante: le PS et ses alliés raflent l'hypermajorité au Parlement." Nicolas Demorand (Libération) se demande: "La gauche en position plus qu'hégémonique, disposant d'absolument tous les pouvoirs. Que va-t-elle en faire maintenant? Mystère."
"Quarante jours après avoir confié pour cinq ans les clefs de l'Elysée à François Hollande, les Français lui ont donné tous les moyens d'exercer son pouvoir", remarque Jean-Francis Pecresse, dans Les Echos.
"François Hollande et Jean-Marc Ayrault disposent donc de la majorité absolue", note Philippe Waucampt dans le Républicain Lorrain. Même constatation chez Francis Laffon dans l'Alsace: "Le PS recueille la majorité absolue à lui tout seul".
"Avec le Sénat et les Régions, François Hollande dispose d'une majorité absolue à l'Assemblée, abîmée toutefois par une abstention record", tempère légèrement Rémy Godeau, dans l'Est Républicain. Il n'en reste pas moins "un président heureux. Il disposera à l'Assemblée nationale d'une majorité absolue", assure Jean-Michel Bretonnier, dans la Voix du Nord.
Jean-Claude Souléry dans La Dépêche du midi, n'hésite pas à écrire: "La France est quasiment rose sur la totalité de la carte électorale. Ce n'est plus une vague, c'est un océan".
Dans L'Est Eclair, Patrick Planchenault met en garde la majorité. "Du coup, aussi large soit la victoire, elle oblige les vainqueurs. À ne pas décevoir, à réussir ce qu'ils n'ont cessé de promettre, un profond changement de la France", selon lui.
Et Philippe Pallat (Midi Libre) de rappeler au président Hollande que c'est "à lui de transformer les promesses en réalités. A lui d'affronter l'urgence de la situation. De remettre la France dans le sens de la marche."

Wahlen a Frankräich : PS absolut Majoritéit. (17.06.2012)D'Sozialisten ronderëm den neie President François Hollande kéimen Héichrechnungen no op d'absolut Majoritéit an der Assemblée National: 312 bis 314 Sëtz. |

Äre Commentaire