Griichenland: Dei nei Regierung steet
RTL - 20.06.2012, 06:28 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.06.2012, 07:05
D'Regierung a Griichenland steet. D'Nea Dimokratia mam Antonis Samaras, d'Sozialiste vun der Pasok-Partei an déi Demokratesch Lénk hunn en Accord fonnt.

Dat huet de Chef vun der sozialistescher PASOK, den Evangelos Venizelos zu Athen matgedeelt. Neie Finanzminister gëtt de President vun der privater National Bank, de Vassilis Rapanos.
Den Antonis Samaras gëtt méi wéi sécher den neie Premier. Déi genee Zesummesetzung vun der Regierung soll um Mëttwochowend bekannt ginn.
Déi 3 Parteien hunn eng kloer Majoritéit am griichesche Parlament, mat 179 vun 300 Sëtz.
Déi dräi Parteien si kloer fir Reformen an plädéieren dofir datt Griichenland an der Eurozone bleift. Si wëllen awer probéieren hir Spuerzieler ëm zwee Joer ze strecken.
Eng éischt Diskussioun iwwert déi nei politesch Situatioun a Griichenland ass en Donneschdeg den Owend zu Lëtzebuerg.
D'Finanzminister aus der Eurozone sinn nämlech um Kierchbierg zesummen. An där Reunioun ass iwwregens och d'Cheffin vum IWF dobäi.
D'Christine Lagarde war déi lescht Deeg a Mexiko um Sommet vun de G20 Länner.
Si huet nom Sommet ënnerstrach, datt d'Länner alleguerte beonrouegt sinn, iwwert d'Situatioun an Europa, mä datt se den Europäer awer och zoutrauen erëm aus där Kris erauszekommen.
Griichenland: Dei nei Regierung steet (20.06.2012)
D'Regierung a Griichenland steet. D'Nea Dimokratia mam Antonis Samaras, d'Sozialiste vun der Pasok-Partei an déi Demokratesch Lénk hunn en Accord fonnt.

