Ägypten: Mohammed Mursi vun de Moslembridder neie President

RTL - 24.06.2012, 16:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 12:37 | 2 Commentaire(n)

Presidentschaftswahlen an Ägypten: De Mohammed Mursi vun de Moslembridder gëtt neie Präsident. Hien huet sech géint den Ahmed Schafik duerchgesat.

De Mohammed Mursi vun de konservative Moslembridder ass neien ägyptesche President. Hie krut méi wéi 13 Millioune Stëmmen, géint knapp 12 Milliounen fir säi Géigner, den Ahmad Schafik, de fréiere Premier ënnert dem Hosni Mubarak.

D'Wahlbedeelegung louch beim zweeten Tour vun de Wahlen de 16. a 17. Juni bei knapp 51%.

Et waren déi éischt Wahlen fir e President zanter datt am Februar 2011 dee laangjährege President Husni Mubarak gestierzt gi war.

A senger éischter Ried als neien ägyptesche President huet de Mohammed Mursi vun de Moslembridder d'Bierger zu enger nationaler Eenheet opgeruff. Hie wéilt de President vun allen Ägypter sinn, sot den éischten Islamist un der Spëtzt vum Land op der Tele e Sonndegowend. Westlech an arabesch Staaten hunn dem Mursi zu senger Wal gratuléiert. Hien huet och déi gewierdegt, déi duerch hire Prozess d'Transitioun an Ägypten iwwerhaapt méiglech gemaach hunn a gesot d'Revolutioun géif sou laang weider goen, bis all Ziler areecht wieren. D'Land géif sech awer all Zäit un all international Accorden halen. Dozou gehéiert notamment de Friddensaccord mat Israel.

Asselborn: Respekt virum Choix vun den Ägypter

„Et muss ee Respekt virdrun hunn, dass en Islamist President vun Ägypten ginn ass“: Mat deene Wierder huet de Lëtzebuerger Ausseminister op d’Annonce vun der Victoire vun engem Moslembrudder bei de Presidentewalen am nordafrikanesche Land reagéiert.

De Jean Asselborn huet um Bord vun der Réunioun vun den EU-Ausseministeren um Kierchbierg ënnerstrach, dass d’ägyptescht Vollek am zweeten Tour de Choix hat tëscht zwee Kandidaten. An dobäi, sou den Ausseminister, hätte sech d’Ägypter ebe mat net grad 52% zu Gonschte vum Mohamed Mursi entscheet.

Ervirgehuewen huet de Jean Asselborn, dass deen neie Staatschef erkläert huet, President vun allen Ägypter wëllen ze sinn. Et misst ee Vertrauen hunn an den ägyptesche President, ë.a. wat d’Relatioun mat der Arméi an d’Designatioun vum neie Premier ugeet. Et stéing an der Diskussioun, dass dat de Mohamed el Baradei, fréiere Chef vun der internationaler Agence fir Atomenergie a Friddensnobelpräislauréat, kéint sinn.

Grad de Respekt virum internationale Recht wär an dëser sensibler Regioun vum Planéit ganz wichteg, fënnt den Ausseminister, fir deen d’Resultat vun de Walen awer weist, dass d’Land gespléckt ass.

D’ägyptesch Arméi bleift hirersäits e staarke Pilier vum Land, huet de Jean Asselborn betount, an zur politescher Transitioun am Land dierft et wuel net sou séier komme wéi geplangt. Enn 2012/Ufank 2013 kéint d’Land eng definitiv Regierung hunn, mengt den Ausseminister, an deem séngen Aen d’Ägypter ekonomeschen a soziale Fortschrëtt wëllen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!