Déi lescht Spezies vu Galapagos-Schildkröt ass gestuerwen

RTL - 25.06.2012, 06:51 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 09:34 | 14 Commentaire(n)

D'Welt ass ëm eng Ënner-Spezies méi aarm. De Lonesome George, déi lescht vun de Galapagos-Riseschildkröten ass mat iwwer 100 Joer gestuerwen.

D'Déier, wat 1972 op enger vun de Galapagos-Insele fonnt ginn ass, huet zanter hir ënner strenger Observatioun an engem Nationalpark gelieft. Trotz ville Versicht, ass et de Fuerscher net gelongen, datt den alen George sech fortgeplanzt huet. Lo gëtt ënnersicht u wat déi al Riseschildkröt gestuerwen ass.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!