Michelle Martin mécht 5. Demande fir fräigelooss ze ginn

RTL - 25.06.2012, 08:08 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.06.2012, 08:10

D'Michelle Martin, d'Exfra vum condamnéierte Kannerschänner Marc Dutroux, wëll fir d'fënnefte Kéier eng offiziell Demande maachen fir fräigelooss ze ginn.

Wéi de Soir schreift, wier d'Martin, déi zu 30 Joer Prisong veruerteelt gouf, drop an drun dat um Geriicht zu Mons unzefroen. D'Ex-Fra vum Dutroux sollt zejoert schonn emol ënner gewëssene Konditioune fräigelooss ginn. De franséische Klouschter war um Enn awer net méi bereet si bei sech opzehuelen.