Däitschland: 3 Fraen bei de schwéiere Wiedere ëmkomm

RTL - 30.06.2012, 08:43 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.06.2012, 16:30

Eng ganz Partie uerg Donnerweideren goufen et och an Däitschland, wou et op engem Golf a Nordhessen zu engem trageschen Accident koum

© AFP

4 Fraen, déi beim Golfspillen vum Wierder iwwerrascht goufen an sech an eng Hütt gestallt haten, sinn do vum Blëtz getraff ginn, deen an d'Hütt ageschloe war.

Fir 3 Fraen koum all Hëllef ze spéit, en drëtt Affer schwieft a Liewensgefor a koum mam Rettungshelikopter op Kassel an d'Spidol.

D'Männer vun de Fraen, ware schonn ee Stéck méi wäit um Golfterrain a goufe net verwonnt. Si stinn ënner Schock.

Duerch d'Wiederen war dann och d'Zuchstreck tëscht Hamburg a Berlin fir eng Zäit blockéiert: Kuerz virun Hallefnuecht war se, no Aarbechten, awer erëm fräi fir den Trafic. Op enger Plaz ware Beem op d’Héichleitunge gefall; doropshin haten eng Rëtsch Zich misse gestoppt ginn. Et koum zu Retarde vu bis zu enger Stonn.

Iwwerschwemmungen dann och ënner anerem zu Hamburg an a Schleswig-Holstein.