Thailand: Busaccident mat 10 Affer, 2 Lëtzebuerger verletzt

RTL - 03.07.2012, 13:04 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.07.2012, 07:08

Thailand: Bei engem uerge Busaccident um Dënschdegmoie sinn 10 Leit ëmkomm. Ënnert de Blesséierten ass och eng jonk Lëtzebuerger Koppel vun 20 Joer.

Den Accident ass am Süde vun Thailand geschitt. De Luxus-Bus war ënnerwee vu Bangkok a Richtung vun engem Hafen, vu wou aus d'Touriste mat enger Fähr op Koh Pha Nang iwwersetze wollten. Pha Nang ass eng vun deene villen touristeschen Inselen am Süde vun Thailand, besonnesch bekannt fir "Full-Moon Parties", also Vollmoundpartyen.

De Bus ass an een elektresche Pilier gerannt an ëmgetippt. 10 Leit hunn de Crash net iwwerlieft, eng Partie weider Leit goufe schwéier blesséiert, dorënner och Auslänner an, wéi gesot, 2 Lëtzebuerger, déi och am Bus souzen.



Lokal Medien nennen d'Nimm vun de Blesséierter, bei de Lëtzebuerger soll et sech ëm d'Jasmine M. an de Magias Michael F. handelen.

De jonke Mann gouf méi uerg verwonnt, seng Frëndin méi liicht, alle Béid goufen an e lokaalt Spidol ageliwwert, wou d'Lëtzebuerger Koppel soignéiert gëtt.

D'Lëtzebuerger Ambassade zu Bangkok huet d'Accident confirméiert an hält sech zur Dispositioun vun de blesséierte Lëtzebuerger, am Fall, wou d'Leit misste rapatriéiert ginn.

Wéi koum et zum Accident?

Wéi et heescht, wier de rietse Pneu vum Bus geplatzt an du wier d'Gefier ongebremst an e Potto gerannt an ëmgetippt. Dat sollen Aenzeien ausgesot hunn. Aner Sourcë ginn als Ursaach ze héich Vitesse un an de Bus hätt eng Verkéiersinsel gerippt.

De Bus ass um Méindegowend (19.50 Auer Lokalzäit) zu Bangkok fortgefuer an dunn eng 650 Kilometer méi südlech accidentéiert - am Distrikt Kanchanadit am Süde vun der Provënz Surat Thani.

5 Fraen a 5 Männer hunn de Crash net iwwerlieft, 17 weider Persoune goufe blesséiert. Esou gëtt de Kolonel Suriya Nakkeao vun der AFP zitéiert.

Ënnert den Doudesaffer sinn 8 Thailänner an 2 Inder, ënnert de Blesséierten nieft den 2 Lëtzebuerger och 2 Britten, 3 Inder an eng Persoun aus dem Zimbabwe. Hiren Zoustand soll eescht sinn, dat melle lokal Medien.