Däitschland: 300 Leit ze vill op enger "Facebook" Party

RTL - 15.07.2012, 16:40 | Fir d'lescht aktualiséiert: 15.07.2012, 16:42

Facebook: En 22 Joer ale Mann aus Däitschland huet e Samschdeg d'Police misste ruffen, well iwwer 300 Invitéen ze vill op senger Party waren.

D'Party war iwwert dat soziaalt Netzwierk ugekënnegt ginn an och Leit déi net geruff waren hu matgefeiert.

D'Police huet missten op d'Platz fueren an d'Gäscht heem schécken. A wéi wäit de jonke Mann selwer fir de Chaos responsabel ass, ass nach net kloer.