Iran: Schlëmmsten Onrouen zanter 30 Joer zu Teheran

RTL - 16.06.2009, 07:37 | Fir d'lescht aktualiséiert: 16.06.2009, 09:49 | 0 Commentaire(n)

Den Iran erlieft den Ament déi schlëmmsten Onrouen zanter 30 Joer. Bei der Massendemonstratioun e Méindeg zu Teheran solle 7 Persounen erschoss gi sinn.

Dat mellt um Dënschdegmoien een iranesche Radio. Et géif sech ëm Zivilisten handelen. Si sollen ee Militärposten attackéiert hunn. Eng offiziell Confirmatioun gëtt et dofir bis elo awer nach net. Honnertdausende vu Sympatisanten vum Presidentschaftskandidat Hossein Mussawi woren op d'Stroosse gaang fir géint den Ausgang vun de Wahlen ze protestéieren. Si hunn hir Zweiwel, datt de Mahmud Ahmadinedschad effektiv de Vainqueur ass.

Tréinegas gouf agesat an et sinn eng selleche Schëss gefall. Den amerikanesche President Barack Obama ass extrem besuergt iwwert d'Entwécklung am Iran. Hien huet sech donieft awer weiderhi bereet erkläert mat Téhéran iwwert déi zukünfteg Relatiounen ze verhandelen.
De geeschtleche Leader vum Iran, den Ayatolla Ali Chamenei huet iwwerdeems no ginn an den Uerder ginn, datt dat ëmstriddent Resultat vun de Walen iwwerpréift gëtt. Hien huet domatt op d'Fuerderung vun den Demonstranten reagéiert, déi der Regierung Wahlbedrug virgeheien.


Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!