Syrien: Nei UN-Missioun, ma Affrontementer gi weider
RTL - 21.07.2012, 07:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.07.2012, 07:43
Och am Rammadan geet de Biergerkrich a Syrien weider. Et gouf awer e leschte Feu vert vun der UNO fir d'Missioun vun engen 300 Observateuren.

Si wäerte weider 30 Deeg a Syrien bleiwen. An sech awer gëllt dës Missioun als net relevant, wëll et op kenge Säiten de Wëllen zu Fridde gëtt.
Och um Freideg goufen et bluddeg Affrontementer, wou ONGe vun engen 180 Doudege schwätzen.
Massiv gekricht gëtt och an der Haaptstad Damaskus, wou d'syresch Arméi am Gaangen ass, eenzel Quartiere regelrecht ze bombardéieren, wou sech Oppositiounsgruppen verstoppt halen. Och am Zentrum vun Damaskus ginn et ewell Schéissereien.
Eng weider Front gëtt et an der wirtschaftlecher Metropole Aleppo: Bannent de leschten 2 Deeg sinn duerfir dann och eng 18.000 Leit an d'Nopeschland Libanon geflücht, mellt d'Rout Kräiz.

