Vakanzentrafic: Et brauch ee Gedold op de Stroossen

RTL - 03.08.2012, 11:11 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.08.2012, 13:26

Vun e Freideg un brauch ee Gedold op de Stroossen. Virunallem an der Belsch an a Frankräich wäert de Vakanzentrafic fir den een oder anere Stau suergen.

Ëm 9 Auer um Samschdegmueren goufen op de Stroossen a Frankräich scho méi wéi 300 kumuléiert Kilometer Stau gezielt.

Den Dag vun e Samschden ass deemno a Richtung Departen op nationale Niveau a Frankräich schwaarz klasséiert, wéi de Bison Futé dat kommunizéiert huet. Et wier Experten no dee schlëmmsten Dag vum ganze Summer 2012 op de franséische Stroossen.

Den Automobilisten gëtt an deem Sënn wäermstens un d'Häerz geluecht, sech net um Samschdeg op de Wee an d'Vakanz ze maachen.

Déi gréisste Problemer ginn et a Richtung Süden op der A7. Vu Lyon bis op Orange brauch een den Ament 4 Stonnen, am Normalfall sinn et der zwou.

Wat d'Retouren ugeet ass den Dag rout klasséiert.