Manif an der Belsch wéinst Fräiloossung vum Michelle Martin

RTL - 03.08.2012, 14:54 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.08.2012, 15:10

Ëm déi 500 Leit hunn sech um Freidemueren zu Malonne bei Namur versammelt fir dogéint ze protestéieren, datt ee Klouschter d'Ex-Fra vum M. Dutroux ophëlt.

© AFP

Zanter puer Deeg gëtt et Opreegung an der ganzer Belsch a besonnesch an der Géigend vun deem Klouschter, wëll d'Michèle Martin aus dem Prisong kënnt an zu Malonne opgeholl gëtt.

D'Michèle Martin ass d'Ex-Fra vum Kannerschänner Marc Dutroux. Si wosst Bescheed, wat hire Mann géif maachen, dat heescht si wosst vun der Entféierung a Vergewaltegung vu 6 Meedercher a si huet och d'Kanner am Keller net fräi, mä verhéngere gelooss, wéi de Marc Dutroux am Prisong souz.

Während der Manif goufen d'Schwësteren aus dem Klouschter als Mäerder a Komplizinne vernannt. D'Manifestanten hate wäiss a schwaarz Ballone bei sech fir hir Onzefriddenheet auszedrécken.

D'Leit si rosen, dass si net éischter driwwer informéiert goufen, dass dem Kannerschänner Marc Dutroux seng Ex-Fra an Zukunft soll an hirer Noperschaft liewen.


E Méindeg den Owend soll d'Populatioun vum Buergermeeschter informéiert ginn. Et sinn och Vertrieder vun der belscher Justiz präsent fir de Leit op hir Froen ze äntweren.

De Maxime Prévot, Buergermeeschter, ass guer net frou wéi déi ganz Saach, déi lescht Deeg gelaf ass, virun allem well hien doriwwer an der Press aus der Vakanz gelies huet, an am Virfeld net doriwwer informéiert gouf.

Hie versteet awer duerchaus dass d'Leit sech Suerge maachen. A wëll all déi néideg Mesuren huelen fir d'Leit ze berouegen an hinne e Gefill vu Sécherheet ze ginn.

Virun allem wéilt hien och de Message weider ginn, dass de Problem net beim Klouschter Malonne läit, mä vill méi bei der Justiz.