Bierg fir erof op Tréier vun e Méindeg un nees op

RTL - 10.08.2012, 07:39 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.08.2012, 07:44 | 13 Commentaire(n)

B51 e Méinde nees op: Zu Tréier soll vun e Méindeg nees d’Strooss opgoen, déi vun der A1 erof an d’Stad geet.

© RTL / Nico Graf
Doduerch soll de Problem vun de Stauen op där Plaz verbessert ginn.

D’Aarbechte gounge méi séier virun, ewéi geplangt, esou dass déi gespaarte Strooss wéi gesot nom Weekend nees opgoe soll.

Dat allerdéngs op just enger Spuer a béide Richtungen, well d’Aarbechte nach net ganz fäerdeg sinn.

D'Strooss fir erof an den Zentrum gëtt jo méi breed gemaach an op 3 Spueren erweidert. Et goufen och 2.000 Meterkibb Steng ewech-gesprengt ginn.

Dat soll deene ronn 22.000 Autoen déi all Dag do passéieren, erméiglechen méi einfach a méi séier duerch ze kommen.


Tréier: Bitburger Strooss während 10 Woche gespaart (25.02.2012)
D'Strooss vun der Autobunn erof an Tréier muss vu Juni bis August komplett gespaart ginn. Eng kleng Bréck gëtt gefléckt, grousse Chaos ass programméiert.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!