Däitschland: Schaarf Kritik vu Gabriel géint Merkel

RTL - 12.08.2012, 16:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 12.08.2012, 16:33

An Däitschland huet de Chef vun der SPD, de Sigmar Gabriel d'Positioun vu senger Partei fir Eurobonds verdeedegt.

Däitschland géif fir d'Rettungschiermer riicht stoen, sou de Gabriel am Deutschlandfunk. Et géif eng Scholden-Unioun, ouni dat et eng Kontroll doriwwer gëtt, wéi d'Finanz- a Budgetspolitik ofleeft.

Membere vun de Regierungsparteien haten der SPD reprochéiert, hir Positioun géif dozou féieren, dat däitsch Salariéen a Pensionéiert d'Scholde vun den aneren EU-Memberlänner bezuele mussen.