De Mark David Chapman wëll op Sursis aus dem Prisong
RTL - 21.08.2012, 06:42 | Fir d'lescht aktualiséiert: 21.08.2012, 06:45
Dee Mann, deen den John Lennon den 8. Dezember 1980 viru senger Hausdier zu New York erschoss hat, wëll sech nees viru Geriicht beméien.

Dem Lennon säi Mäerder war am August 1981 zu liewenslaangem Prisong veruerteelt ginn a setzt seng Strof den Ament am Héichsécherheetsprisong Alden of. Bis elo goufe 6 Demanden vum Chapmann, fir fréizäiteg fräi ze kommen, refuséiert.
