Hahn: Keng Gefor vu Faillite, sou Verkéiersministère
RTL - 22.08.2012, 17:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.08.2012, 12:17
A Rheinland-Pfalz gëtt et Sträit rondrëm déi presuméiert Gefor, dass de Fluchhafen Hahn geschwë kéint faillite sinn. De Ministère weist dëst zréck.

De Verkéiersministère huet awer Nouvellen zréckgewisen, dass schonn am Mäerz dat anert Joer d’Verloschter d’Eegekapital kéinten opgefriess hunn. Déi Gefor géif net bestoen, sot e Porte-parole vum Ministère; d’Eegekapital an Héicht vu 44 Milliounen € géif fir déi nächst Joren duergoen.
