Marsmissioun: Roboter duerchleeft eng Partie Tester

RTL - 13.09.2012, 08:49 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.09.2012, 08:53

De Roboter "Curiosity" ass zanter iwwert engem Mount um Mars an e fonctionnéiert ouni iergendee Problem.

An de leschten Deeg goufen eng Partie Tester gemaach an et war alles an der Rei. Um Donneschdeg ass nach ee leschten Test an da kann de Roboter mat senger Aarbecht weidermaachen.

Dat éischt grousst Ziel vum Marsroboter ass ee Punkt mam Numm Glenelg, deen un der Kräizung vun 3 verschiddenen Zorte Buedem läit. Hie wäert eng 10 Deeg brauchen fir dohin ze fueren, well e just 40 Meter den Dag fuere kann.